Zesumme feiere mir 125 Joer vun der Mäerzeger Musik

Eng räich musikalesch Geschicht, geprägt vun Anniversairen a Partnerschaften.

Vun hirer Grënnung am Joer 1900 bis haut, huet d'Mäertzig Fanfare e Joerhonnert musikalesch Geschicht iwwerdeckt, geprägt duerch memorablen Anniversairen an aussergewéinlech Partnerschaften.


Brochure

"125 Joer - Mäerzeger Musik"


Deelt är Fotoen, Videoen a Souvenire fir dës aussergewéinlech Geschicht matzeschreiwen.
hl-toppic
1900 - 2025
hl-verticalpic
125
Joer
Mäerzeger Musik
hl-squarepic2
hl-squarepic1
hl-horizontalpic

Zesummen erzielen mir 2025

Eis Bierger deelen hir Erënnerungen

Eng Rees an Biller a Videoen, déi et ze entdecken gëllt!

Mir feieren zesummen 150 Joer
vun der Gemeng Mäerzeg

Mäerzeg: 150 Joer Patrimoine an Innovatioun zu Lëtzebuerg

Gemeng Mäerzeg

175 Joer Porkierch zu Mäerzeg!

Porkierch

Pompjeeën vu Mäerzeg: 60 Joer Engagement a Formatioun fir d'Jugend

Jugendpompjeeën

Chorale Ste Cécile vu Mäerzeg: 150 Joer Musek, Gesang a Geschicht

Chorale Ste Cécile

Fanfare Mäerzeg: 125 Joer Musek an Traditioun

Mäerzeger Musik

Agenda 2025

E Joer voller Feieren fir Mäerzeg an seng 5 historesch Entitéiten

Den 15. November 2025 invitéiert d’Mäerzeger Musik asbl op ee Quizowend fir all déi Wëssbegiereg.

quiznight
15 November 2025
Quizowend Organisateur:Mäerzeger Musik
Plaz:Centre Turelbaach

Le 16 novembre 2025, la Maërzeger Musik asbl organise un Thé Dansant, une après-midi conviviale de danse et de musique live.

thedansant
16 November 2025
Thé Dansant Organisateur:Mäerzeger Musik
Plaz:Centre Turelbaach
hl-toppic
14 December 2025
Concert "Winterlights" Organisateur:Mäerzeger Musik
Plaz:Centre Turelbaach
Et gi momentan keng Eventer fir an dës Kategorie
Group 2

Grënnung an Entwécklung vun der Fanfare Mäerzeg

Feierlechkeeten, Fändelen an international Partnerschaften

Nom Besuch um Kiermesconcert zu Groussbus, um Päischtsonndeg 1900, hunn e puer Mäerzeger Männer den Entschloss geholl, och ee Museksveräin ze grënnen. D’Groussbusser Musikanten hunn Sie bei hirer Iddi ënnerstëtzt an hinnen d’Grondbegrëffer vun der Musek bäi bruecht. De Johann Beck vu Groussbus huet, als éischten Dirigent, de neie Museksveräin, geleet. Leider gëtt et keng Opzeechnungen vum Veräinsliewen vun den éischte Joren méi.

Schonn 1901 huet de Museksveräin säin éischte Fändel kritt. Dësen ass awer eréischt 1912, bei engem Museksfestival, den 22. An 23. Juni, ageweit ginn. Bei dëser Geleeënheet ass de Fändel mat enger zousätzlecher Schläif dekoréiert ginn, déi d’Jongfraen vu Mäerzeg gestëft haten.

1950 huet d’Fanfare Mäerzeg hiren 50-jähregt Bestoen mat enger “Fahnenweihe” gefeiert. Den dräieckege Fändel vun 1901 ass duerch ee moderne Fändel ersat ginn. Bei der Ouverture vun der Feier den 15. Juli, huet d’ „Philharmonie Municipale“ vun Ettelbréck ee Concert gespillt, suivéiert vun engem Concert vun der Chorale « Lyra » vun Ettelbréck. Ee vun den Héichpunkten vun de Feierlechkeeten den 16. Juli, war sécherlech de grousse Cortège duerch d’Duerf mat engem dekoréierte Won mam Numm „Fanfare Mertzig 1900".

Ausserdeem ass d’Fanfare am Joer 1950 an d’”Union Grand-Duc Adolphe" opgeholl ginn an 20 Joer méi spéit och an d’Mutuelle agetrueden. Am Summer 1980 huet d’Fanfare hiren 80. Jubiläum gefeiert. Eng Musekswoch, déi eng Woch virum eigentleche Fest dem 20. Juli organiséiert gi war, huet statt fonnt. Hei goufe verschidde Concerten organiséiert, d’Kréinung war hei den Éiereconcert vun der „Harmonie Municipale - Esch-Alzette“, deen vun der UGDA gestëft gi war.

Den 20. Juli ass dee neie Fändel feierlech geseent ginn. No engem Festiessen, huet de Cortège am Schloreen, mat insgesamt 19 Gesellschaften an verschiddenen Éieregäscht, statt fonnt. Den Ofschloss vum Fest war de Concert vun de „Turelbacher Musikanten“ mat engem uschléissendem Danzfest. Passend zu dëser Fändelsdaf ass eng Brochure eraus bruecht ginn an där net nëmmen d’Geschicht vum Veräin, mee och d’Duerfgeschicht, d’Geschicht vun de „Steinhauer“ a Gedichter veréiwegt gi sinn.

D’90er Joren waren virun allem duerch Wiessel bei de Präsidenten a Vizepresidenten (1993), souwéi zwee Dirigentenwiessel (1991 und 1997) gepräägt. Dës Wiessel stoungen am Zeechen vun der Kontinuitéit vum Opschwong, deen säi Ursprong an den 80er hat.

Op d’Fërderung vun der Jugend ass vun do un vill Wäert geluecht ginn; bal all Joers sinn op d’mannst eng Dosen Schüler aus dem Veräin an d’ Museksschoul gaang.

Ausserdeem ass 1998 mat der Gemeng Vöcklamarkt (Éisträich) eng Partnerschaft gegrënnt ginn, duerch déi eng besonnesch häerzlech Verbindung mat der “Marktmusikkapelle Vöcklamarkt“ entstan ass.

D’Feierlechkeeten zu dëser Partnerschaft waren 1998 zu Mäerzeg an 1999 zu Vöcklamarkt. Un den Festivitéiten an Éisträich, déi dräi Deeg gedauert hunn, huet eis Fanfare bal vollstänneg deel geholl an huet mat engem ofwiesslungsräiche Concert hir Museksfrënn begeeschtert.