Zesumme feiere mir 60 Joer Mäerzeger Jugendpompjeeën

Drot zur Geschicht vu Pompjeeë bäi, andeems Dir Är Erënnerungen mat eis deelt.

Zënter 1964 hunn d'Mäerzeger Pompjeeën mat Courage an Engagement fir d'Sécherheet vun eiser Gemeng gesuergt. Bréngt dës Momenter erëm an d'Liewen andeems Dir eis Är Erënnerungen schéckt!

Deelt är Fotoen, Videoen a Souvenire fir dës aussergewéinlech Geschicht matzeschreiwen.
hl-toppic
1965 - 2025
hl-verticalpic
60 Joer
Jugendpompjeeën
hl-squarepic1
hl-squarepic2
hl-horizontalpic

Zesummen erzielen mir 2025

Eis Bierger deelen hir Erënnerungen

Eng Rees an Biller a Videoen, déi et ze entdecken gëllt!

Mir feieren zesummen 150 Joer
vun der Gemeng Mäerzeg

Mäerzeg: 150 Joer Patrimoine an Innovatioun zu Lëtzebuerg

Gemeng Mäerzeg

175 Joer Porkierch zu Mäerzeg!

Porkierch

Pompjeeën vu Mäerzeg: 60 Joer Engagement a Formatioun fir d'Jugend

Jugendpompjeeën

Chorale Ste Cécile vu Mäerzeg: 150 Joer Musek, Gesang a Geschicht

Chorale Ste Cécile

Fanfare Mäerzeg: 125 Joer Musek an Traditioun

Mäerzeger Musik

Agenda 2025

E Joer voller Feieren fir Mäerzeg an seng 5 historesch Entitéiten

Den 15. November 2025 invitéiert d’Mäerzeger Musik asbl op ee Quizowend fir all déi Wëssbegiereg.

quiznight
15 November 2025
Quizowend Organisateur:Mäerzeger Musik
Plaz:Centre Turelbaach

Le 16 novembre 2025, la Maërzeger Musik asbl organise un Thé Dansant, une après-midi conviviale de danse et de musique live.

thedansant
16 November 2025
Thé Dansant Organisateur:Mäerzeger Musik
Plaz:Centre Turelbaach
hl-toppic
14 December 2025
Concert "Winterlights" Organisateur:Mäerzeger Musik
Plaz:Centre Turelbaach
Et gi momentan keng Eventer fir an dës Kategorie
Group 2

Pompjeeë vu Mäerzeg, e konstanten Engagement

Déi engagéiert Fräiwëlleger, déi sech fir d'Sécherheet vun der Gemeng asetzen

„Mir sinn um Dill wann Dir ons braucht ...“

Hei zu Mäerzeg gëtt dëse Service zënter 1894 vun de fräiwëllege Pompjeeën, dem “Corps des Sapeurs Pompiers de Mertzig” geleescht. D’Gemeng stellt dozou d’Gebailechkeeten, d'Material an d’perséinlech Ausrëschtung zur Verfügung. Si kritt och duerfir vum Staat e Subsid dee vun der Feierschutzsteier finanzéiert gëtt. Den Aktive kritt fir säin Déngscht kee Sou, fir d'Ausbildung an d’Asätz gëtt et awer Congé “Sapeur”.

All déi néideg Formatiounen, d’Maintenance vum Geschier an d'Übungen mécht de Pompjee gratis fir seng Matbierger a stellt sech domadder an den Déngscht vun der Allgemengheet. Hei zu Mäerzeg gëtt et hirer 55, d’Jugendsektioun abegraff.
Den neie Pompjeesbau, deen am Mee 1999 ageweit gouf, ass een optimaalt Gebai fir de Service: Niewent de Garagen sinn hei och Büro, lnstruktiounssall, Kichen, Magaséng a Sanitär ënnerbruecht.

Och un en Otemschutzatelier mat Kompresser fir d' Pressloft Fläschen ze fëlle gouf geduecht.

Fir den Nowuess ze garantéiere gëtt et eng staark Jugendsektioun. Hei gi Jugendlecher vun 6/8 bis 16 Joer op den Déngscht als Pompjeeë preparéiert. D'Pompjeeë vu Mäerzeg hunn op ville Concoursen an a muench Asaz bewisen, datt si eng efficace Equipe sinn.

D’Grënnung vum “Corps Grand-Ducal - Incendie & Secours” am Joer 2018, huet näischt dru geännert, datt weiderhin wäertvoll Aarbecht bei de Jugendpompjeeë zu Mäerzeg geleescht gëtt. Um Virowend vun Nationalfeierdag kréien déi jonk Pompjeeën offiziell hiren éischten Helm vum Buergermeeschter iwwerreecht.

Am Joer 2022 gouf Mäerzeg “Centre de promesse – Télévie”. Bei dëser Geleeënheet huet d’Grande-Duchesse Maria Teresa et sech net huele gelooss fir der Jugend fir hire Mut an Engagement ze felicitéieren.